D'Patrizia op der indoor EM 2023

Shefi Xhaferaj, Gewënnerin vum Uewersauertrail a Championne 2022 op der laanger Distanz.
Bravo !
No 2 Joer Paus ass et ërem sou wäit ! Den 30. Oktober ass ërem de Laf ërop bei den Hinnchen zu Ettelbréck.
11km oder 6,5km fir déi Grouss an 800m oder 1600m fir déi Kleng. Op deenen 2 grousse Course siche mer ausserdeem dee beschte Biergleefer.
Gratulatioun un all eis Athleten, grouss ewéi kleng, déi dëse Wanter derbäi waren !
Et gouffe gréng Salmic Schong, Gréisst 31 fonnt.
Den 28. Oktober ass de Stad- a Vollekslaf zu Ettelbréck.
Weider Informatiounen hei
Weider Informatiounen an Umeldung ënner: www.capa.lu/kalenner/2018/Hinnchebierglaf
Ech wollt iech heimat informéieren dat de CAPA Ettelbréck fir 2018/2019/2020 e neie Partner huet.
Mir hunn als Haaptsponsor fir déi nächste Joeren den ASPORT kennen gewannen.
De Marc Haentges als Chef vum ASPORT a mir als CAPA verspriechen eis eng flott Zesummenaarbecht. Si wieren frou wa si eis Athleten a Memberen kennten als Client gewannen, an de Marc Haentges an den Andy Closter hunn do zesumme mat eis gewëssen Formullen entwéckelt déi Iech als Member, eis als CAPA an hinnen als Partner Satisfaktioun dierfte brengen.
Deemnächst oder op Ufro kritt Dir vun eis all Renseignementer hei zou.
Mir soen Iech all elo scho Merci fir dat Dir mat eis op dëse Wee gitt, an hire Support fir eis an de Sport mat ënnerstëtzt an dems Dir bei Ären Akeef un den ASPORT denkt an déi och bei hinnen macht.
Mat beschte Gréiss,Den 29. Oktober ass de Stad- a Vollekslaf zu Ettelbréck. Fir all weider Informatioun kuckt hei : www.capa.lu/kalenner/2017/stadlaf
D’Startlëschte se lo hei ze fannen : Startlëschten
Resultater vum Werfer5Kampf : PDF
D’Resultater vun eisem Hierschtmeeting mat Special Olympics : Resultat
E grousse Merci un all eis Kollege vu Special Olympics.
E grousse Bravo un d’Patrizia an un de Lex fir hir gutt Leeschtungen op den 1. Cadets Europameeschterschaften zu Tbilisi.
D’Patrizia huet et mat der neier nationaler Cadettebeschtleeschtung vun 11”88 bis an d’Final gepackt, wou hatt dunn dat 7. ginn ass.
De Lex hat am Zehnkampf leider an enger Disziplin Pech an ass um Schluss vun deenen 2 Deeg mat 6071 op déi 16. Platz komm. An awer huet hien an dësem Concours eng ganz Rei perséinlech Beschteeschtungen opgestallt.